JKP Mailing 2023-1
|
|
|
Tour '23 – Nei Datumen an e Bléck hannert d'Kulissen
|
|
No zwou éischte Presentatiounen an dëser Tour-Verlängerung 2023 mat wierklech begeeschtertem Publikum ginn et zwee weider nei Datume vu menger aktueller Multivisioun – Geleeënheeten sech déi Show nach eng Kéier unzekucken, oder se weider ze empfeelen :-)
Freideg, 24. Mäerz 2023, 19.30h
Centre sportif Romain Schroeder (Theatersall), Fréiseng
Fräien Entrée
Méindeg, 24. Abrëll 2023, 19.30h
Ciné Le Paris, Beetebuerg
Fräien Entrée
|
|
Un de Fan vu Multivisiounen ...
Dës Verlängerung vun der Tour fënnt haaptsächlech a gréissere Säll statt, wat fir de Spectateur (a fir mech och) e ganzt speziellt Erliefnes ass, visuell, mee och akustesch, wéi zum Beispill am CELO zu Hesper, wou vill Wäert op eng perfekt Raumakustik geluecht gouf. |
|
|
D'Show am Kulturzentrum CELO zu Hesper war e richtegt audio-visuellt Erliefnes: Iwwer 300 Plaze mat enger perfekter Raumakustik, Laser-Beamer, Luuchtesteierung a Line Array fir den Toun, alles voll digital. |
|
|
Fir dës Tour-Verlängerung hunn ech mir e ganz speziellen Audio-Rack zesummegebaut. E perfekten Toun, ugepasst un all Raum, digital oder analog, alles an engem High-End glasklore Sound. Esou soll et sinn :-) |
|
|
E puer vu villen Highlights aus der Show ...
Am éischten Deel kënnt dir d'Stad entdecken, wéi dir se warscheinlech
nach ni gesinn hutt, mat ongewinnte Perspektiven, onbekannte Plazen, aussergewéinlech Luuchtverhältnisser an eng richteg spannend Spueresich
an der faszinéierender Ënnerwelt vun der Festungsstad.
Am zweeten Deel geet et déif ënnert de Buedem, mat extrem spektakuläre Biller, déi bei der net ganz ongeféierlecher Erfuerschung entstane sinn. Mee och Zäitzeie ginn Abléck an dës vergiesse Welt vun der lëtzebuergescher Industriegeschicht. |
|
|
Ee vun den Highlights aus deem éischten Deel vun der Show sinn déi spektakulär Opname vun an aus den Anlagen ënnert dem Park. |
|
|
En Dram fir all Hiele-fuerscher ass eng Quell direkt ënnert der Stad – eenzegaarteg Biller an der Show, déi een esou nach ni gesinn huet. |
|
|
De Schiferofbau am zweetem Deel war eng Industrie mat gewaltege Kummeren ënner Buedem. Eng visuell Achterbahnfahrt. |
|
|
|
KASEMATTEN – Auf Spurensuche in der Festungsstadt Luxemburg
Op 225 Säite fann dir alles zum Thema Festungsstad mat ville groussformatege Fotoen an historesche Pläng, spannend wéi e Roman. Mee, ech mengen, dat brauch ech kengem méi ze erzielen :-)
Wéineg Exemplaire sinn nach just op Stock!
|
|
|
|
BERGWERKE – Luxemburgs vergangene Industrie unter Tage
Eng extrem spannend Rees iwwer 256 Säite mat spektakuläre Fotoen an informativen Texter aus enger längst vergiessener industrieller Welt ënner Buedem.
|
|
|
Hiweis: Dëst ass keen Newsletter, mee just e Mailing an HTML-Form.
Iwwert e Feedback géif ech mech freeën!
Fotoen: © Jérôme Konen
JEROME KONEN PRODUCTIONS
Consulting & Media Production
jerome@konen.lu –
View as a Web Page – Unsubscribe
|
|
|