JKP Mailing 2023-2
|
|
|
Tour-Verlängerung '23 – Eng eenzegaarteg Location
|
|
An dëser Tour-Verlängerung '23 vu menger aktueller Multivisioun gëtt et zwee nei Datumen, an dës Kéier an enger wierklech eenzegaarteger, neier Location mat enger spektakulärer
Innenarchitektur, déi ech esou nach ni virdru gesinn hunn.
Ech kann nëmme soen: "Eng Këscht an der Këscht" :-)
Eng Geleeënheet sech déi Show nach eng Kéier unzekucken,
oder se zumindest weider ze empfeelen.
Wichteg Informatioun:
Well dësen eenzegaartege Sall awer nëmmen eng
kléng Unzuel Plazen huet, geet et just op Reservatioun!
Sonndeg, 26. November 2023, 19.00h
Salle UNION, Grand-Rue, Habscht
Fräien Entrée
... an eng Zousaz-Show de
Mëttwoch, 29. November 2023, 19.00h
Salle UNION, Grand-Rue, Habscht
Fräien Entrée
|
|
Un de Fan vu Multivisiounen ...
An dëser Rubrik gëtt et, wéi ëmmer, e Bléck hannert d'Kulisse vun
der Multivisiouns-Show. Dës Kéier natierlech e kléngen Teaser zu der ganz spezieller Location, der "Salle Union" zu Habscht an awer och, wéi üblech, zu der AV-Technik déi ech benotzen. |
|
|
D'Salle Union zu Habscht, e Sall,
dee sengesgläiche sicht. Dës nei amenagéiert Location ass nach esou "geheim" gehalen, dat bis elo nach keng Biller vum fäerdege Sall mat Bühn an Technik verëffentlecht sinn. |
|
|
En digitaalt Mëschpult huet de
grousse Virdeel op all Kanal en EQ, Kompressor, Gate, De-Esser oder soss Effekter kënnen ze leeën. Esou kann de Sound perfekt un all Location ugepasst ginn. |
|
|
E puer vu villen Highlights aus der Show ...
Am éischten Deel kënnt dir d'Stad entdecken, wéi dir se warscheinlech
nach ni gesinn hutt, mat ongewinnte Perspektiven, onbekannte Plazen, aussergewéinlech Luuchtverhältnisser an eng richteg spannend Spueresich
an der faszinéierender Ënnerwelt
vun der Festungsstad.
Am zweeten Deel geet et déif ënnert de Buedem, mat extrem spektakuläre Biller, déi bei der net ganz ongeféierlecher Erfuerschung entstane sinn. Mee och Zäitzeie ginn Abléck an dës vergiesse Welt vun der lëtzebuergescher Industriegeschicht. |
|
|
Ee vun den Highlights aus deem éischten Deel vun der Show sinn déi spektakulär Biller aus den Anlagen ënnert dem Park. |
|
|
En Dram fir all Fotograf ass ons Festungsstad am Hierscht. Vill spekta-kulär Biller an der Show, déi een esou nach ni gesinn huet. |
|
|
Den Dolomit-Ofbau am zweetem Deel war eng Industrie mat risege Galerien, déi wéi e reegelrecht Labyrinth am Bierg verlafen. |
|
|
|
BERGWERKE – Luxemburgs vergangene Industrie unter Tage
Eng extrem spannend Rees iwwer 256 Säite mat spektakuläre Fotoen an informativen Texter aus enger längst vergiessener industrieller Welt ënner Buedem.
|
|
|
Hiweis: Dëst ass keen Newsletter, mee just e Mailing an HTML-Form.
Iwwert e Feedback géif ech mech freeën!
Fotoen: © Jérôme Konen
JEROME KONEN PRODUCTIONS
Consulting & Media Production
jerome@konen.lu –
View as a Web Page – Unsubscribe
|
|
|