|
No mengem leschte Buch hunn ech beim Kënschtler Serge Weis a sengem Archiv e gezeechent Meeschterwierk entdeckt, dat awer vum Text hier ni fäerdeggestallt gouf. Ech war mir sécher, dat ass e Buchprojet fir mech. Wat ech awer deemools nach net wosst, dat ech nach Jore bräicht fir et ganz fäerdeg ze stellen, eng haart Noss huet hei wierklech misse geknackt ginn :-)
Erauskomm ass dobäi eng groussformateg Doku-BD op Franséisch
an op Däitsch, déi, ouni ze iwwerdreiwen, wuel eenzegaarteg ass
a sécherlech hiresgläichen op onsem Bichermaart sicht.
Iwwregens, wësst dir wéi d'Gallo-Réimer gelieft hunn, wat fir
komesch Saachen se giess hunn, wéi se hire Wäin gedronk an
hir Haiser gebaut hunn? Nee? Da loosst ons zesummen op
eng spannend Entdeckungsrees goen...
|
|
E Bléck hannert d'Kulisse vun der Produktioun...
An dëser Rubrik gëtt et, wéi ëmmer, e Bléck hannert d'Kulissen,
dës Kéier iwwert d'Produktioun vun dësem eenzegaartege Buch.
D'Reproduktioun vun de Planchen war déi éischt Etapp an
der Produktioun. D'Selektioun an d'Iwwerpréiwung vun den Textfragmenter e Risenopwand an déi am Layout passgenau
däitsch Iwwersetzung war déi wuel gréissten Erausfuerderung.
Den Opwand huet sech awer méi wéi gelount :-) |
|
|
Bei der Reproduktioun vun den Zeechnungen ass net nëmmen eng héich Opléisung wichteg, mee virun allem eng ofgestëmmte Blëtzanlag, déi obligatoresch Faarfkaart an e Grokäil als Referenz bei all Bild. Genau schaffen ass ëmmer gutt :-) |
|
|
No der Beaarbechtung vun de Biller am Grafikprogramm entsteet dann am Layout dat fäerdegt Buch, an dat brauch Zäit, vill Zäit bis et perfekt wierkt. Zousätzlech muss den Text genau dra passen, an dat gëllt och
fir d'Iwwersetzung. |
|
|
Hei e puer kleng Ausschnëtter vun de Planchen...
Um Rand vun dem idyllesche Stiedchen Iechternach stéisst een
op d'Iwwerreschter vun engem grousse gallo-réimesche Landsëtz.
Dës Doku-BD hëlt Iech mat duerch d'Zäitgeschicht, vun der
Erbauung vun der Villa iwwert déi réimesch Kultur bis zum Zesummebroch vum Réimesche Räich.
D'Claire begleet Iech op dëser spannender Entdeckungsrees
duerch déi gallo-réimesch Geschicht, déi herno sécherlech
kee Geheimnis méi fir Iech ass! |
|
|
Um 30 v. Chr. wagen ein paar aufständische Treverer den Wider-stand, woraufhin die Römer eine Garnison auf dem Titelberg er-richten. Die Mehrheit der treverischen Ade-ligen schließt sich den Hilfstruppen von Cäsar an, um Karriere in der Kavallerie zu machen. |
|
|
Claire se pince le nez. Le garum est en effet obtenu en salant forte-ment de petits poissons, genre sardines ou ma-quereaux, et des en-trailles de poisson qu’on laisse au soleil jusqu’à ce que la chair soit transformée par ses propres sucs digestifs. On obtient [...] |
|
|
Il existe trois techniques de fabrication des céra-miques. Le tournage : à l’aide d’un plateau cir-culaire mis en rotation sur un axe et actionné sur notre image avec le pied, le potier façonne un vase à partir d’une motte d’argile. Après séchage, toutes les poteries sont cuites [...] |
|
|
|
UNE VIE DE VILLA
Claire vous accompagne au fil des pages et vous explique tout ce que vous brûlez d’envie de savoir… l’histoire gallo-romaine n’aura plus aucun secret pour vous !
|
|
|
|
VITA EINER VILLA
Claire begleitet Euch durch die Seiten und erklärt, was Ihr schon immer wissen wolltet. Die gallo-römische Geschichte ist danach kein Geheimnis mehr für Euch!
|
|
|
|
RASCHPËTZER – Dem Mythos auf der Spur
Zahlreiche, großformatige Fotos geben einen faszinierenden Einblick in das Meisterwerk des römischen Qanatbaus.
In limitierter Stückzahl wieder auf Lager!
|
|
|
Hiweis: Dëst ass keen Newsletter, mee just e Mailing an HTML-Form.
Iwwert e Feedback géif ech mech freeën!
Fotoen: © Jérôme Konen
JEROME KONEN PRODUCTIONS
Consulting & Media Production
jerome@konen.lu –
View as a Web Page – Unsubscribe
|
|