|
Dëst Joer sinn ech erëm mat engem Stand op de Walfer Bicherdeeg vertrueden, dës Kéier mat mengen dräi aussergewéinleche Bicher
zum spannenden Thema "gallo-réimesch Zäit".
Dat wären déi aktuell zwee Bicher zur VILLA an d'Buch zu de
RASCHPËTZER, zousätzlech och nach d'Buch BERGWERKE.
Also, eng gutt Geleeënheet är Sammlung ze komplettéieren
oder sech mol erëm perséinlech ze gesinn.
Meng speziell Lieszeeche ginn et natierlech och,
esouwéi op Wonsch och gären eng Signatur an d'Bicher.
Zudeem weisen ech um Stand och zwou Dronen-Opname vun
der Réimervilla zu Iechternach, eng dovun direkt hei iwwert
dem Text, dat spektakuläerst Bild awer kënnt dir
um Stand selwer bewonneren :-)
Samschdeg, 16. November 2024
10.00h - 19.00h
Sonndeg, 17. November 2024
10.00h - 18.00h
Site vum Stade Prince Henri, Walfer
|
|
E klénge Bléck hannert d'Opname mat der Drone...
An dëser Rubrik gëtt et, wéi ëmmer, e Bléck op de Making-of,
dës Kéier wéi d'Biller mat der Drone vun der Réimervilla
zu Iechternach entstane sinn.
Wichteg ass et als éischt sech un d'Reegelen ze hale
fir dat se net nach weider verschäerft ginn. Also, Drone-Führerschäi
maachen, vill üben, net iwwer onbedeelegt Leit fléien, No-Fly Zone
respektéieren, a ganz rotsam ass et och, de Batterie-Status
vun der Drone ëmmer ze iwwerpréiwen :-) |
|
|
Start a Ladung vun der Drone aus der Hand kann ech nëmmen empfeelen, mee opgepasst, dat verlaangt schonn e bësschen Übung. Wéi een et genau mécht, dozou ginn et eng Rei gutt Filmercher op Youtube. Nach en Tipp: Ausgeschlof an ni an der Hektik mat der Drone fléien. Also, ëmmer genuch Zäit aplangen ass wichteg. |
|
|
Déi schéinste Fotoe mat Dronen ginn et mueres no Sonnenopgang oder am spéiden Nomëtteg. D'Schieter ginn de Biller dann eng gewëssen Déift an och de waarme Faarftoun ass méi ästhetesch. Opname vertikal vun uewen oder an engem Wénkel soll ee genuch maachen. Léiwer e puer Biller herno ze vill zur Auswiel hunn :-) |
|
|
Meng aktuell Bicher zum Thema "gallo-réimesch Zäit"...
Déi zwee Bicher iwwert d'VILLA jeeweils a Form vun enger groussformateger Doku-BD op Franséisch an op Däitsch huelen
de Lieser mat duerch d'Zäitgeschicht, vun der Erbauung vun
der Villa iwwert déi réimesch Kultur bis zum Zesummebroch
vum Réimesche Räich.
D'Buch iwwert de Mythos RASCHPËTZER ass eng fesselnd Dokumentatioun iwwert déi wuel spektakuläersten archeologesch Ausgruewungsgeschicht vu Lëtzebuerg, e wierklech absolutte
Must fir all Geschichtsfrënn.
Mee och d'Buch BERGWERKE gëtt e kuerzen Abléck an déi
gallo-réimesch Zäit mat enger sensationeller Entdeckung! |
|
|
Um Rand vun der idyllescher Uertschaft Iechternach stéisst een op d'Iwwerreschter vun engem grousse gallo-réimesche Landsëtz – dem archeologeschen Zäitzeien aus den éischte Joerhonnerten. D'Suite dovun an der VILLA Doku-BD! |
|
|
No joerzéngtelaangen Ausgruewungen am Helsemer Bësch ass an engem déiwe Pëtz en intakt Aquädukt aus der Antike zum Virschäi komm. Domat war déi déifste Qanat-Anlag vun de Réimer nördlech vun den Alpen entdeckt – d'RASCHPËTZER! |
|
|
Ass de Sandsteen-Konglomerat aus de Mamerleeën eventuell scho wärend der gallo-réimescher Zäit genotzt ginn? Dat wär eng Sensatioun wou d'Geschicht misst ëmgeschriwwe ginn. Alles dozou am Buch BERGWERKE! |
|
|
|
UNE VIE DE VILLA
(Version française)
Claire vous accompagne au fil des pages et vous explique tout ce que vous brûlez d’envie de savoir… l’histoire gallo-romaine n’aura plus aucun secret pour vous !
|
|
|
|
VITA EINER VILLA
(Deutsche Übersetzung)
Claire begleitet Euch durch die Seiten und erklärt, was Ihr schon immer wissen wolltet. Die gallo-römische Geschichte ist danach kein Geheimnis mehr für Euch!
|
|
|
|
RASCHPËTZER – Dem Mythos auf der Spur
Vill groussformateg Fotoe ginn e faszinéierenden Abléck an d'Meeschterwierk vum réimesche Qanatbau.
Erëm a limitéierter Stéckzuel op Lager!
|
|
|
|
BERGWERKE – Luxemburgs vergangene Industrie unter Tage
Eng extrem spannend Rees iwwer 256 Säite mat spektakuläre Fotoen an informativen Texter aus enger längst vergiessener industrieller Welt ënner Buedem.
Nach just eng limitéiert Stéckzuel!
|
|
|
Hiweis: Dëst ass keen Newsletter, mee just e Mailing an HTML-Form.
Iwwert e Feedback géif ech mech freeën!
Fotoen: © Jérôme Konen
JEROME KONEN PRODUCTIONS
Consulting & Media Production
jerome@konen.lu –
View as a Web Page – Unsubscribe
|
|